280 Leit hu misste blosen8 Tester positiv bei Kontroll tëscht Tënten a Brouch

Op Uerder vum Parquet goufen et um Freideg Alkoholskontrollen zu Tënten a Brouch. 280 Chauffeuren hu misste blosen.

An 8 Fäll war den Test positiv. 3 Permise goufen nach op der Plaz agezunn.

Da sinn nach e ganze Koup Leit uechter d'Land opgefall, well se sech apaart beholl hunn.  Ënnert anerem huet d'Police misste géint Hallefnuecht  an der Stroossbuerger Strooss an der Stad intervenéieren, well e Mann op der Strooss geschlof huet.
Wéi d'Beamten hien erwächt hunn, huet hien ëm sech geschloen a konnt net méi berouegt ginn, heescht et am Police-Bulletin.

En Accident gouf et och an der Nuecht géint 4 Auer op der Biff. En Auto war do an d'kalifornesch Mauer gaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.