Neiegkeeten fir d'Feierdeeg aus der Pâtisserie Schumacher!

Huelt Iech d'Brochure mat all deenen delikate Saachen op hieren 12 gudden Adressen uechtert d'Land

D'Pâtisserie Schumacher ass prett fir d'Feierdeeg. Bei hinne kënnt Dir eng Hellewull vun Neiegkeeten entdecken: zum Beispill eng nei Gamme vu Canapéen an e Partybrout "made in Luxembourg", mat e.a. Schnittercher mat Kachkéis am Pain Surpris. An dann huet den Henri Schumacher mat sénger Equipe och zwou nei Spezialitéiten aus Liewkuch entworf: Hunnegkichelcher an engem Hexenhaischen an déi berühmt Elisen, déi ee vun Nürnberg kennt, an Dousen fir herno Téiliichter draus ze maachen. Eng weider grouss Neiegkeet aus der Pâtisserie Schumacher sinn dëst Joer niewt dem traditionnelle Stollen och nei Lëtzebuerger Stollen. Dee mat de Friichten huet d'Form vun engem Pannettone an dee mat Schokela, Ness a Marzipan fir d'Kanner d'Form vun engem Dännebeemchen. A getrei hierem Motto "Pâtisserie Schumacher – natierléch gesond!" hu si och fir d'Chrëschtdeeg 4 nei Buchen am Programm: Caramel Choco-Café, Charlotte Chocolat-Crème Brûlée, Bamkuch-Bluttorange-wäisse Schokela an Truffe Schokela-Marzipan. D'Brochure mat all deenen delikate Saachen fir d'Feierdeeg kritt Dir op hieren 12 gudden Adressen uechtert d'Land an och op der 13.: op www.schumacher.lu.

Business RTL 11.12.2013 13.15