Dese Freideg 3. November am Casino 2000 zu MunnerefGala-Soirée Match/smatch fir den Télévie

Loosst en Double am 3D vun Iech maachen!

Match a smatch setzen sech zanter Joeren a fir den Télévie. An an deem Kader organiséieren si dann och dese Freideg 3.11. déi 2. Editioun vun der grousser Gala-Soirée am Casino 2000 zu Munneref. D’Supermarchés Match zielen do op hier Frënn, Partneren a Fournisseuren fir aus deem Owend, vun deem all d’Recetten un den Télévie an d’Recherche géint de Kribs an d’Leukemie bei de Kanner iwwerwise ginn, e grousse Succès ze maachen. Match a smatch hu fir hier Gala-Soirée déi franséisch Start-Up cmondouble.com an de Programm geholl. Muer den Owend kënnt Dir also d’Recherche ënnerstëtzen andeems Dir Iech selwer kopéiert! cmondouble huet sech nämlech am Beräich vun den 3D-Technologien spezialiséiert an op der Galasoirée am Casino 2000 kënnt Dir esou en Double am 3D vun Iech maachen, an enger Gréisst vu 15 bis 35 cm. Fir weider Informatiounen a fir Äeren Dësch oder Är Plazen fir d’Galasoirée Match/Télévie muer den Owend ze reservéieren, rufft einfach un um 31 31 33-1 oder kontaktéiert den Nicolas Guichard vu Match a smatch Lëtzebuerg iwwer Mail op nguichar@match-supermarches.lu

RTL-Business 2.11.2017 14h45