Fotoe vu BäerdrefTraditionellt Haupeschfest mat traditioneller Mass

Ronn 130 Aussteller weisen dëse Weekend hir Konscht op de Stänn uechter dat ganzt Duerf.

Natierlech ass och mat regionalen a lokale Produite fir d'Wuel vun de Leit gesuergt. D’Recette si fir karitativ Zwecker an e groussen Deel geet, wéi schonn an de vergaangene Joren, un den Télévie.

Am Kader vum Konschthandwierkermaart zu Bäerdref - oder Bäertref, wéi et lokal heescht - gouf an der Briechkaul déi traditionell Haupeschmass gehal. Vill Leit, dorënner den aktuellen an den neie Buergermeeschter vu Bäerdref, den Ern Walerius an den Joe Nilles, mä och d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, hu sech et net huele gelooss, bei dësem Rendez-vous mat dobäi ze sinn. No der Mass goufen nach d’Hënn geseent an e Patt zerwéiert.

FOTOGALERIE: Andréck vum Haupeschmaart vum Roland Miny

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.