Frontalkollisioun um Méchelshaff6 Blesséierter, dovunner der 2 méi schwéier

Kuerz no 17 Auer war et e Mëttwoch um Méchelshaff op der Kräizung Bech/Scheedgen zu enger Frontalkollisioun tëschent 2 Autoe komm.

© Centre d‘Incendie et de Secours Echternach
Am Ganze goufe bei dësem Tëschefall 6 Leit verletzt, 2 dovunner méi schwéier, 1 mëttelschwéier an 3 Persoune goufe liicht blesséiert.

4 Persounen hu misse mëttels hydrauleschem Geschir aus hirem Auto befreit ginn.

Op der Plaz waren niewent de Rettungsequippe vu Konsdrëf, de Centre d‘Incendie et de Secours Iechternach mat 2 Ambulanzen an de Sauvetage, jeeweils 1 Ambulanz vu Mäertert, Jonglënster an aus der Fiels.

De Samu Lëtzebuerg an de Regionalinspekter vun der Ostregioun waren och op der Plaz.



Zu Esch an der rue Jean-Pierre Michels ass e Mëttwoch den Owend géint 21.45 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Wéi den 112 mellt, gouf dës liicht blesséiert.