Op der N11Camion an Auto krute sech um Waldhaff ze paken

Kuerz virun 8 Auer e Mëttwoch de Moien krute sech op der N11 um Waldhaff, wann ee vu Gonnereng kënnt, e Camion an en Auto ze paken.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira
Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert an zäitweis goung et op där Plaz méi lues am Trafic.

Kuerz virun 9 Auer war d'Onglécksplaz geraumt.

Op der Plaz war d'Ambulanz vu Jonglënster, den Asazzenter vun Nidderaanwen-Schëtter, grad wéi d'Police.