An der NuechtAbriecher op verschiddene Plazen am Land ënnerwee

Chrëschtdagszäit ass dacks och Abrochzäit: Wéi d'Police mellt, waren an der Nuecht op e Mëttwoch op e puer Plazen am Land Abriecher um Wierk.

© AFP Archivbild
Géint 3 Auer gouf zu Veianen an der Rue de la Gare an en Hotel agebrach. Wéi et vun der Police heescht, wieren Täter an engem däischteren Auto Direktioun Zentrum geflücht.

Weider Abréch goufen zu Käerjeng, Péiteng, Menster, Nidderaanwen, Uewersyren, Gouschteng, Jonglënster an an der Stad gemellt. Op deene verschiddene Plaze gouf allkéiers an Eefamilljenhaiser agebrach.