VIDEO: Den 31. DezemberD'Jugendherberg vu Buerglënster mécht hir Dieren zou

Den 31.Dezember mécht d'Jugendherberg vu Buerglënster hir Dieren definitiv zou.

Fermeture vu Buerglenster Jugendherberg (14.12.2017)
No iwwer 65 Joer wäert d'Jugendherberg vu Buerglënster hir Dieren Enn Dezember fir ëmmer zoumaachen. D'Haus kritt eng nei Vokatioun.

Zanter 1951 schon gëtt et d'Jugendherberg zu Buerglënster. Dausende vun Touristen oder och Jonker vun heiheem hunn an deene vergaangene Joerzéngten hei iwwernuecht. Enn des Mounts ginn d'Dieren elo zougemaach.

Den Ament hu mer hei zu Lëtzebuerg 10 Jugendherbergen. Di éischt, déi hei am Land gebaut gouf war 1933 zu Stengefort. Déi gëtt et mëttlerweil awer net méi. Enn dës Mounts wäert zu Buerglënster eng weider Jugendherberg hier Dieren zoumaachen.

Mat ronn 50 Better ass d'Haus ze kleng ginn an och kaum accessibel fir Leit mat enger Behënnerung. D'Haus huet fréier zum Buerglënster-Schlass gehéiert. Un- oder ausbauen geet  net.



1781 gouf d'Haus gebaut a 1992 gouf de 40. Anniversaire vun der Jugendherberg gefeiert. Deemools goufen tëscht 4 a 5 Dausend Iwwernuechtungen pro Joer gezielt.

Och wann dës Jugendherberg Enn des Mounts hir Dieren fir ëmmer zou mécht, ginn et nei Projeten. Zu Veianen soll eng nei Jugendherberg gebaut ginn an och zu Ettelbréck soll ee grousse Projet entstoen.

D'Gebai gehéiert dem Staat a gëtt vum Educatiounsministère iwwerholl. Zu enger Flüchtlingsstruktur soll et awer net ëmfunktionéiert ginn.