Gemeng LennengNo 10 Deeg ass d'Waasser zu Kanech nees an der Rei

D'Gemeng Lenneng deelt mat, datt d'Krunnewaasser zu Kanech nees an der Rei ass, an net méi muss ofgekacht ginn.

Bei Analyse vun der Waasserverwaltung war de 5. Dezember nämlech raus komm, datt d'Waasser baktereologesch verknascht war.

D'Gemeng deelt um Donneschdeg mat, datt de Problem geléist ass.