SickerbrandZu Elweng huet den Daach vun engem Haus gebrannt

Ursaach dofir war een Sickerbrand ënnert dem Dach vun engem Eefamilljenhaus, dee sech ganz séier zu engem grousse Feier entwéckelt huet.

D'Famill konnt sech sou just mat Zäit a Sécherheet bréngen.

Wéi d'Pompjeeën op d'Plaz komm sinn, hu sech d'Flame schonn duerch den Daach gefriess gehat. Um Haus ass schwéiere Schued entstanen an et bleift bis op Weideres eidel.