JonglënsterGaardenhaischen nieft dem fréiere Verband war a Brand geroden

Zu Jonglënster hat e Sonndeg am Nomëtteg an der Rue de Godbrange, wou fréier de Verband war, e Gaardenhaische gebrannt.

© Luc Marteling / RTL.lu

D'Pompjeeë vu Jonglënster, Hiefenech a Konsdref waren op der Plaz, grad ewéi eng Ambulanz.

Duerch dat séiert agräife konnt Schlëmmeres verhënnert ginn an d'Feier konnt séier geläscht ginn.

Den Daach vum fréiere Verband goufe duerch de Brand e bësse matbeschiedegt. Et gouf keng Blesséierter.