DiddelengLaurent Felten mécht Ofschloss vum Uergelfestival

De leschte Recital vun der Saison reservéiert den Diddelenger Internationalen Uergelfestival traditioneller Weis engem Lëtzebuerger Solist.

© Gery Oth
Den nächsten Dënschden, 7. November um 20.15 Auer an der Diddelenger Kierch St Martin ass de Laurent Felten, bekannte Lëtzebuerger Organist, Titulaire vum Prix Supérieur d'orgue avec grande distinction vum Conservatoire vu Bréissel, vum "IKB-Jugendprais" (Präis fir jonk Kënschtler, fir seng Verdéngschter an der Uergel) a vum Norbert-Stelmes-Präis, doriwwer eraus Chargé de cours an der Diddelenger Musekschoul a President vun den Amis de l'orgue Lëtzebuerg, dee Lëtzebuerger Organist, deen den Internationalen Diddelenger Uergelfestival (FIMOD) fir e leschte Recital invitéiert.

Hie spillt ënner anerem déi bekannte Passacaille et Fugue vum Johann Sebastian Bach, den 2. Choral a Si mineur vum César Franck, an Extraiten aus de Fantasiestécker vum Louis Vierne, dorënner besonnesch de populäre Carillon vu Westminister.

Virverkaf op Luxembourgticket an op info@orgue-dudelange.lu
Informatiounen op www.orgue-dudelange.lu