A3 gëtt dräispuregAusbau soll 7 Joer daueren a kascht ëm déi 359 Milliounen

Am Ufank vum Projet war vu 5 Joer Bauzäit riets, an der Nohaltegkeetskommissioun goung dunn awer vu 7 Joer rieds.

© RTL Archivbild

Am nächste Joer sollen d'Aarbechte fir den Ausbau vun er Diddelenger Autobunn A3 op 3 Spuren ufänken. War am Ufank vu 5 Joer Aarbechtszäit rieds, gouf e Méindeg an der zoustänneger Chamberkommissioun scho vu 7 Joer geschwat. D'Noutwendegkeet vum Projet ass bei deene meeschte Parteien onëmstridden.

Ausbau A3 / Reportage Ben Frin

Bei deene Meeschten, fir déi Lénk ass eng dräispureg A3 absolutt keng Optioun, seet de lénken Deputéierten David Wagner. Déi Lénk sinn e bësse katastrophéiert, datt e grénge Minister esou e Projet dréit. Do ginn 359 Milliounen Euro dran investéiert, déi hätte kéinten an den ëffentlechen Transport fléissen.

Den ëffentlechen Transport, dee soll och weider ausgebaut ginn, dorobber setzen och déi Gréng. Der gréngen Deputéierte José Lorsché gefält et net, wann nach méi Autostrafic op de Stroosse géif rullen. Mä et muss een awer och no der Realitéit kucken an do hu mer massiv Camionen an et kommen nach Sitten dobäi, wou nach méi Camionen op de Stroosse mussen ënnerwee sinn. Déi Gréng sinn der Meenung, datt duerch dee Projet eng Erliichterung ka kommen, ma all Problem wäert net geléist ginn.

An et war och iwwert d'Protektioun géint de Kaméidi nieft der Autobunn riets gaangen, sou den DP-Deputéierte Gusty Graas. Entgéint deem, wat de Ponts & Chaussées ëmmer behaapt huet, hu si awer missen zouginn, datt de Kaméidispegel ronderëm d'Autobunnen net gutt ass. Elo hu si gesot, wat d'DP schonn zanter Jore fuerdert, datt d'Schutzmauer misst méi héich gemaach ginn, well grad Léiweng, Peppeng, Beetebuerg an Deeler vun Diddeleng vill ënnert dem Kaméidi leiden.

Während 7 Joer soll d'Autobunn tëscht Diddeleng an dem Gaasperecher Kräiz a verschiddene Phasen ausgebaut ginn, déi entspriechend Chantieren dierften ëmmer erëm zu zousätzleche Schwieregkeeten am Trafic féieren an awer gëtt et keng Alternative, seet och den CSV Deputéierten a Buergermeeschter vu Beetebuerg Laurent Zeimet.

Extrait Laurent Zeimet (1)



Nieft dem Chantier op der Autobunn ginn et awer och nach vill Projeten an an tëschent de Gemengen. Et muss een awer duerch déi Zäit mat ville Chantiere goen, fir dono eng Verbesserung ze hunn. Déi Verbesserungen erhofft ee sech och fir d'Uertschaften, wou aktuell vill Verkéier doduerch geet. Duerch den Ausbau vun der A3 erhofft ee sech do awer manner Trafic.

Lëtzebuerg wiisst jo awer ëmmer weider, op wéi vill Autobunnsspure wäert ee sech dann an Zukunft mussen astellen?

Extrait Laurent Zeimet (2)



Et muss een d'Diskussioun féieren, wéi d'Land an Zukunft wuesse soll. An an där Diskussioun muss een och kucken, ob wat een an Zukunft wëll verzichten, sou nach de Beetebuerger Buergermeeschter.

Op awer iwwerhaapt 2018 mat den Aarbechte kann ugefaange ginn, dat gouf um Méindeg bezweiwelt.