DiddelengUergen Accident tëscht 2 Autoen, 2 Persoune blesséiert

Op der Kräizung tëscht der Rue Nicolas Biever an der Rue Léon Weirich hu sech um Dënschdeg de Mëtteg zwee Autoen ze pake kritt.

© Domingos Oliveira / RTL Télé Lëtzebuerg
Grond vum Accident soll sinn, well ee vun den Automobilisten d'Virfaart ignoréiert huet. Den Impakt war esou staark, datt ee vun de Gefierer sech iwwerschloe soll hunn. Dobäi goufen 2 Persoune blesséiert.