VIDEO: Decisioun gefallEsch gëtt Kulturhaaptstad 2022

No 1995 an 2007 huet de Grand-Duché mat Esch d'Éier fir 3. Kéier d'europäesch Kulturhaaptstad ze sinn.

Decisioun gefall: Esch gëtt Kulturhaaptstad 2022 (10.11.2017)
No 1995 an 2007 huet de Grand-Duché mat Esch d'Éier fir 3. Kéier d'europäesch Kulturhaaptstad ze sinn.
Am Juli 2015 hat de Gemengesyndikat Pro Sud d'Iddi vun der Kandidatur lancéiert.

Am September war eng Delegatioun vun Esch am Kulturministère, fir den Dossier do ofzeginn. Eng 300 Reunioune mat Gemengeresponsabelen, fräien Artisten, Associatiounen, an de Bierger aus der Regioun goufen dofir am Virfeld gemaach.

Esch gëtt Kulturhaaptstad 2022



Den Dossier ass duerno un d'Europäesch Kommissioun gaangen, déi elo um Freideg zu Lëtzebuerg zesummekomm ass, fir definitiv iwwert déi Escher Kandidatur ze decidéieren. No 1995 an 2007 kritt de Grand-Duché also elo fir drëtte Kéier d'Éier dësen Titel ze droen. D'Minettsmetropol konnt de Jury aus 9 europäeschen an nationalen Experten a leschter Minutt iwwerzeegen. Do hat och de Premier Xavier Bettel säin Undeel drun, nodeems hien um Freideg de Moien nach e gutt Gespréich mat der Jury hat. Hien ass als Kulturminister, ma och als Premier frou an houfreg.

De Xavier Bettel iwwert Esch als Kulturhaaptstad



Esch gëtt 2022 europäesch Kulturhaaptstad (10.11.2017)
Grouss Freed no der Decisioun fir Esch.


Déi fréier LSAP-Buergermeeschtesch vun Esch, Vera Spautz huet déi lescht 2 Joer de Projet viru gedriwwen a wëll och als Member vun der Oppositioun am Gemengerot weiderhin enk domadder verbonne bleiwen. Si hätt ëmmer un dee Projet gegleeft.

Och den neien Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo ass immens houfreg an zefridden iwwert dës Annonce. Et misst ee sech elo mat der ASBL zesummesetzen fir ze kucke wéi et elo weidergeet. Et misst een och Finanzexperte mat abannen well et geet ëm e Budget vu 70 Milliounen Euro. An den nächste Woche wéist een do méi.

Dass Esch 2022 Kulturhaaptstad gëtt, dofir muss een och der Aarbecht vum Team ronderëm d'Janina Strötgen an dem Andreas Wagner Merci soen. D'Janina Strötgen freet sech immens, dass een e Programm entwéckelt hätt, dee ganz vill am Espace public ofleeft an op Participatioun setzt vun der Bevëlkerung. Et géif ee versiche sou vill Input wéi méiglech vun Europa op Esch ze kréien, wouduerch een d'lokal Zeen wéilt professionaliséieren.

Eng 50 Projete si geplangt, dorënner „Esch sans Alzette“, wou mat Digitale Moyen a Klang-Installatiounen d'Uelzecht, déi jo praktesch ganz verstoppt ass zu Esch, thematiséiert gëtt.

Den Titel „europäesch Kulturhaaptstad“ gëtt sech iwwerdeems all Joer och gedeelt. Esch deelt sech den 2022 mat der litauescher Stad Kaunas.



Hei dat offiziellt Schreiwes:

Esch-sur-Alzette sera capitale européenne de la Culture en 2022 (10.11.2017)

Communiqué par: ministère de la Culture

 

La ville d’Esch-sur-Alzette a été sélectionnée pour accueillir l’année européenne de la culture en 2022. Le jury européen s’est réuni au Luxembourg du 9 au 10 novembre 2017, la première journée ayant été marquée par la visite de certains membres du jury des principaux lieux et institutions retenus dans le dossier de candidature. Au cours de la deuxième journée, le jury s’est réuni dans son entièreté au ministère de la Culture où il a été accueilli par le Premier ministre, ministre de la Culture et le secrétaire d’Etat à la Culture, Guy Arendt. Après l’allocution de bienvenue de Xavier Bettel, la ville candidate a présenté devant le jury le dossier final de candidature intitulé « Remix Culture ».

Suite aux délibérations du jury, la présidente, Sylvia Amman, a annoncé que le jury a retenu la candidature de la ville d’Esch-sur-Alzette et qu’il recommande au Grand-Duché de Luxembourg de désigner Esch-sur-Alzette comme capitale européenne de la culture 2022. Esch-sur-Alzette partagera cet honneur avec Kaunas, deuxième ville de Lituanie. La présidente du jury a mentionné l’engagement du gouvernement tout au long de la procédure de sélection, le Premier ministre ayant souligné l’importance du rôle de la culture au sein de l’Union européenne et l’Etat s’étant engagé à contribuer deux tiers du budget du projet Esch2022.

Le Premier ministre, ministre de la Culture, Xavier Bettel, s’est félicité de la décision du jury en soulignant la joie d’accueillir l’année européenne de la culturelle pour la troisième fois de son histoire, après Luxembourg-ville en 1995 et en 2007 : « Le projet Esch 2022 a su convaincre et je suis persuadé qu’il contribuera au rayonnement et à la dynamisation du Bassin minier. Nous travaillerons ensemble pour en faire un succès ».

 

Fichier joint: Communiqué de presse de la Commission européenne


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.