Keng eenheetlech ReegelungFreedefeier-Verbuet op Silvester a ville Gemengen

De Joreswiessel steet virun der Dier. Den 112 gëtt dann och Consignen, fir op Silvester sécher an dat neit Joer ze starten.

Freedefeierverbuet op Silvester / Reportage Max Weirig



Et ass net méi laang bis Silvester, dat mierkt een och un den Ziedelen, déi an de Bréifkëschte vun den Awunner landen ... et gëtt méi restriktiv!

An ëmmer méi Gemengen mussen d’Awunner d’Silvesternuecht ouni Rakéiten a Knupperten feieren. D’Gemenge verbidden et net explizit Freedefeier of ze schéissen, ma et ass esou, dass keng Erlaabnis vun de lokalen Autoritéite gi gëtt. De Frank Stolz, Porte Parole vun der Police erkläert de legale Kader: Allgemeng ass et hei am Land esou, dass no de meeschte Gemengereglementer d'Ofschéisse vun engem Freedefeier verbueden ass. Et däerf een et nëmme mat der Autorisatioun vum Buergermeeschter maachen.  

Op villen Ziedelen heescht et nämlech, dass d'Bewunner vum Buergermeeschter keng Erlaabnis kréien, fir Freedefeier oder Knupperten ze benotzen. Dëst aus Respekt virun der Nuetsrou vun de Matbierger an aus Respekt virun den Déieren.

Et ginn awer och Gemengen, déi dës Nouvelle op hirem Internetsite verëffentlechen: Diddeleng, Dippech, Mäerzeg, Käl, Esch, Esch-Sauer, Fëschbech, Péiteng, Bäerdref, Luerenzweiler an Ierpeldeng un der Sauer.

Eng limitéiert Erlaabnis gëtt et zu Manternach an zwar vun 23.45 Auer bis 0.30 Auer.

Zu Clierf ass déi begrenzten Erlaabnis vum Freedefeier vu Mëtternuecht bis 0.15 Auer um 1. Januar 2018.

Zu Walfer ass et och eng limitéiert Autorisatioun vu Mëtternuecht bis 0.30 Auer.
Hei geet et bei den Avis op der Gemengesäit vu Walfer



Vu Miersch heescht, datt et an der Géigend vu Gebaier verbueden ass, fir Freedefeier ze benotzen. Weider ass et den Appell, datt ee verantwortungsvoll domadder soll ëmgoen an och un d'Déiere soll denken.

PDF: Schreiwes vun der Gemeng Miersch

De Schäffen- a Gemengerot vun der Stauséigemeng recommandéiert den Awunner, op d'Schéisse vu Freedefeier a Knupperten ze verzichten - an zwar net nëmme wéinst der Nuetsrou, ma och wéinst den Déieren, wéinst der Ëmwelt a wéinst der Sécherheet. Verbueden ass et awer net.

PDF: Schreiwes vun der Stauséigemeng.

Vun Déifferdeng kënnt d'Info, dass op Silvester just vun 23.55 bis 0.15 Auer erlaabt ass, Freedefeier a Knupperten ofzeschéissen. Ähnleches gëllt vu Weiler zum Tur, wou et vun 23.55 bis 0.10 Auer erlaabt ass.



An der Fiels präziséiert d'Gemeng, datt et u sech strikt verbueden ass, fir Freedefeier ze zünden. Fir d'Nuecht vu Silvester géif d'Ofschéissen awer tëscht 23.45 Auer a 0.15 Auer toleréiert ginn, mä just, wa se vun engem privaten Terrain ofgeschoss ginn.

PDF: De Communiqué vun der Gemeng Fiels

Um Site vun der Gemeng Beetebuerg heescht et, datt et iwwerall an hirer Gemeng verbueden ass, Knupperten a Freedefeier ouni d'Erlaabnis vum Buergermeeschter ze benotzen. Et bezitt ee sech hei op den Artikel 11 an hirem Gemengereglement: règlement communal relatif à la protection contre le bruit du 19 juin 2009, article 11.

Och d'Gemeng Stroossen gëtt keng extra Erlaabnis fir Silvester, dat aus Sécherheets- a a Propretéitsgrënn, wéi et an hirem Communiqué heescht. Si beruffe sech dobäi op d'Artikelen 8 an 33 aus dem Policereglement.



D’Police huet an der Silvesternuecht keng extra Patrullen ageplangt, déi kontrolléieren op sech un d'Verbuet gehale gëtt. Den Appell un d’Leit dobaussen ass, d’Verbuet ze respektéieren a verstänneg ze agéieren, wa gefeiert gëtt. Am Fall wou eng konkret Reklamatioun virläit, géif een där awer och nogoen an de Schëllegen misst mat engem Protokoll rechnen, präziséiert de Frank Stolz. Dës Geldstrof ka bei bis zu 250 Euro leien.

Consigne fir Silvester sécher ze feieren


Beim Hantéiere mat Freedefeier a Knupperten op Silvester muss ee verschidde Sécherheetsconseile respektéieren, fir datt engem d’Neijoersnuecht och a gudder Erënnerung bleift.

Sécherheet op Silvester/Reportage Max Weirig



De Christopher Schuh, Chef de Service vum CSU 112 huet eis erkläert, op wat een oppasse muss. Beim Akaf soll ee virop oppassen, dass d'Knupperten eng CE-Zertifikatioun hunn a vun der Klass 1 oder 2 sinn. Nodeems ee sech dann déi schéinste Rakéiten erausgesicht huet, gëllt et och d'Gebrauchsuweisung ze liesen a se op der richteger Plaz ze stockéieren.

Spréch eng Plaz, déi dréchen ass a wäit fort vun all Feier. Wann d'Freedefeier dann ofgeschoss gëtt, soll een dat am Beschten aus engem stabille Support maachen. Dofir bitt sech eng Fläsch un, déi an engem Cageot steet. Och d'Wieder an der Silvesternuecht soll een am Ae behalen, vill Wand kéint d'Rakéiten an eng onerwënschte Richtung drécken. Bei engem Tëschefall soll een den 112 kontaktéieren an iwwer eventuell Verbrennungen, wootlecht Waasser lafe loossen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.