Arnaque zu LamadelaineFalsch Poliziste froen 150 Euro fir schlecht Wanterpneuen

Falsch Polizisten, déi béid franséisch geschwat hunn, hunn zu Lamadelaine en Automobilist "ugehalen" an him 150 Euro ofgeknäppt.

© 5minutes.rtl.lu
E Chauffeur, deen zu Lamadelaine an der Route de Luxembourg ënnerwee war, gouf op Chrëschtdag géint 14 Auer vun engem schwaarzen Audi, A4 oder A6, ugehalen. Aus dem Gefier sinn dunn zwee Männer geklommen, déi Schosswesten mat der Opschrëft "Police" unhaten. Déi falsch Polizisten hunn dem Chauffeur erkläert, datt hie falsch Wanterpneuen opleien hätt an hu vun him 150 Euro verlaangt. Déi huet de Mann och bezuelt. Eng Quittung krut hien awer net. Dono sinn déi Onéierlech a Richtung Belsch weidergefuer.

D'Police präziséiert an deem Fall nach eng Kéier, datt all d'Beamten vun der Police och d'Lëtzebuerger Sprooch schwätzen a sech zu all Moment mat hirem Déngschtausweis ausweise kënnen.

Déi richteg Polizisten hunn dann awer ënner anerem véier Permisen agezunn, datt all Kéiers, well de Chauffeur ze vill gedronk hat. Dëst war an der Stad an der Rue de Bonnevoie, um Kierchbierg an der Géigend vun der Luxexpo, op der A3 bei Bierchem an zu Beetebuerg an der Route de Luxembourg.