Matten am Rond-point FéizAuto geet a Flamen op - kee blesséiert

Schrecksekonn e Samschdeg de Mëtteg géint 16.30 Auer zu Féiz.

© CISMR
Et war kee verfréite Freedefeier, mä e brennenden Auto, deen e Samschdeg am Nomëtteg zu Féiz matten am Rond-point stoung a komplett ausgebrannt ass.

Am Asaz waren d'Pompjeeën vu Monnerech/Recken (CISMR) mat der hirer Permanence vu 6 Leit, déi d'Feier mat Schaum an ënner schwéierem Otemschutz geläscht hunn.

Ausserdeem op der Plaz: d'Police an d'Ambulanz vun Esch.

Dem 112 no gouf kee blesséiert.

© CISMR