Asätz fir d'Pompjeeën112 mellt 6 Bränn an der Silvesternuecht an een Accident

Zu Nouspelt huet eng Friteuse gebrannt, zu Beetebuerg eng Dreckskëscht, zu Bëlleg eng Heck, zu Maacher e Bam, zu Schëffleng Offall an um Cents e Container.

© RTL (Archiv)
Den 112 mellt um fréie Méindeg de Moien zwar keng Accidenter fir d'Nuecht vum Joreswiessel, dofir huet et awer op ville Plaze gebrannt an d'Pompjeeë goufe geruff.

Zu Nouspelt an der Dondeler Strooss huet e Sonndeg den Owend géint 21.20 Auer eng Friteuse gebrannt, hei waren d'Ambulanz an den Zenter vu Mamer an och den Zenter vu Kielen op der Plaz.

Zu Beetebuerg an der Rue Marie-Thérèse huet kuerz drop eng Poubelle gebrannt, dee lokalen Zenter huet sech der Saach ugeholl.

Zu Waasserbëlleg an der Duchscher-Strooss stounge géint 22.45 Auer Hecken a Flamen, de Corps Maacher/Mäertert war sur place.

Géint Hallefnuecht huet zu Maacher an der Route Nationale e Bam gebrannt, och hei war de Corps Maacher/Mäertert am Asaz.

Zu Schëffleng an der Cité Op Hudelen huet kuerz no 1 Auer Offall gebrannt. De Schëfflenger Zenter huet sech hei drëm gekëmmert.

An um Cents an der Rue Auguste Trémont huet quasi ëm déi nämmlecht Zäit e Container Feier gefaang. Dat war eng Saach fir de Stater Interventiounszenter.

Op kenger vun deene 6 Plaze goufe Persoune blesséiert!

Zwou Persoune goufen awer blesséiert bei engem Accident e Méindeg de Moien géint 9.30 Auer op der A13 a Richtung Péiteng. Op der Héicht vun der Gadderscheier war en Auto op d'Kopp gaangen. Op der Plaz waren d'Ambulanze vun Déifferdeng a vun Esch, d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an den Escher Samu.

Bilan vun der Silvesternuecht zu Lëtzebuerg (01.01.2018)
Wéi ass hënt zu Lëtzebuerg gefeiert ginn a war et eng roueg Nuecht fir Police, Rettungsdéngschter a Spideeler?