Pompjeeë gefuerdertKamäibrand zu Käl; Camionnette a Flamen zu Esch

Um Méindeg den Owend géint 21.45 Auer huet zu Esch an der rue du Clair Chêne eng Camionnette gebrannt. D'Pompjeeë vun Esch hu séier intervenéiert.

Si konnten doduerch evitéieren, dass d'Feier op en zweeten Auto iwwergegraff huet. Et gouf beim Asaz kee blesséiert. Op der Plaz war wéi gesot den Asazzenter vun Esch vun engem Won a 6 Pompjeeën.

© CISEA

Sou huet et um Dënschdeg de Moien op der Plaz vum Feier ausgesinn© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira


Zu Téiteng huet et um Dënschdeg de Moien an engem Haus gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt. Ausléiser kéint e Problem um Elektresche gewiescht sinn. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vum Rëmeleng a Käl.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira





De Mëtte koum et zu engem weidere Feier, dëst zu Käl an der Rue Chemin Vert. Ee sou genannte Kamäibrand war hei ausgebrach. D'Läschaarbechten hu sech als méi zäitopwänneg erausgestallt, well iwwert dem Kamäin nach en Deckel war, deen huet missen demontéiert ginn. 

Op der Plaz war den CISKT mam LF 2-1, DLK 2-1, HTLF 1-1 an 9 Léit, d'Police Esch, esou wéi de Buergermeeschter.