VIDEO: Zirkusprojet DiddelengPedagogeschen Zirkus fir Kanner zu Diddeleng

Dës Woch hat de pädagogeschen Zirkus "Proscho" säin Zelt zu Diddeleng bei der Butschebuerger Schoul opgeschloen.

Pedagogeschen Zirkus fir Kanner zu Diddeleng (14.06.2018)
Dës Woch huet de pädagogeschen Zirkus "Proscho" säin Zelt zu Diddeleng bei der Butschebuerger Schoul opgeschloen.

210 Kanner aus dem Precoce bis zum 6.Schouljoer huelen un akrobateschen Atelieren deel.

Dëse Freideg an den Dag drop da presentéiere si sech dem Grand Public. An der Schoul zu Diddeleng ginn d'Schoulbicher dës Woch stonneweis duerch Hulla Hupp-Reef an akrobatesch Exercicer getosch. Duerch dës Aktivitéite wuesse si iwwert sech eraus a léiere gläichzäiteg hir Grenze kennen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.