Diddelenger UergelfestivalOptakt en Dënschdeg mam Lionel Rogg

Den nächsten Dënschden, 2. Oktober ëm 20.15 Auer spillt de Lionel Rogg den 1. Concert vun der d'Hierschtsaison vum Diddelenger Uergelfestival.

De weltbekannten Organist a Komponist vu Genf war Member vum Jury vum leschten Uergelconcours zu Diddeleng. An der d'Finall vum Concours huet all Kandidat mussen e fräigewieltent Wierk vum Lionel Rogg spillen, Wierker, déi beim Publikum gutt ukomm sinn.

PDF: Infoen iwwer de Lionel Rogg aus der Broschür "Tuyaux".

De Lionel Rogg féiert Wierker aus allen Epochen op: vum F. Couperin, D. Buxtehude, JS Bach, F. Liszt (Saint-François de Paule marchant sur les flots – an enger Uergeltranskriptioun vum Lionel Rogg selwer), C. Franck (den bekannten drëtte Choral a la mineur), wéi och e Wierk vum him selwer (7 Versets sur la Psaume 92).

De Concert gëtt wéi ëmmer op e groussen Ecran projezéiert. Nom Concert besteet fir déi Interesséiert d'Méiglechkeet vun enger Renconter mat de Museker.

PDF: Affiche vum Festival.

Virverkaf op Luxembourgticket an op info@orgue-dudelange.lu
Informatiounen op www.orgue-dudelange.lu