Fondation KräizbiergScheck vun 5.000 € fir d'Amicale Foyer Lankhelzerweiher vun Esch/Uelzecht

De Bouleclub vu Bartreng huet zesumme mat der Amicale Foyer Lankhelzerweiher vun der Fondation Kräizbierg en Tournoi organiséiert an hirem Lokal zu Bartreng.

Nom Tournoi ass gemittlech e Fierkel um Spiiss giess ginn an de Restaurant Dogado huet d'Leit mat Zaloten an Dessert versuergt – Gedrénks huet de Bouleclub gestëft.

E Scheck vu 5000 € ass vun deenen 3 Firmaen, déi deelgeholl hunn, un d'Amicale Foyer Lanhelzerweiher iwwerreecht ginn.

D'Firmaen Hospilux SA, United International Managment SA an Telka/TreeTop SA mat hirer Direktioun waren derbäi an hu sech een deen aneren ugefeiert.



De Rotary Bascharage Kordall an d'Amicale Foyer Lankhelzerweiher hunn de Bewunner vum Foyer Lankhelzerweiher dëst Joer de Summer nach méi schéin gemaach: Si hunn Dëscher, Still, Prabbelien a grouss bepflanzte Blummebacke geschenkt kritt, fir d'Terrass nach méi flott ze maachen.

Bei engem gemittleche Grillfest goufen d'Saachen ageweit.

Fondation Kräizbierg

Die Ziele der Fondation Kräizbierg sind die moralischen, sozialen und körperlichen Bedingungen der Menschen mit einer körperlichen Behinderung, zu verbessern. Ein Mensch mit einer Behinderung hat das Recht vollständig ins tägliche Leben integriert zu werden und ist Teil unserer Gesellschaft in gleicher Weise, wie ein Mensch ohne Behinderung. Unsere Aufgabe ist es, diesen Menschen zu helfen eine gewisse Autonomie zu erreichen. Die Fondation Kräizbierg und die Ateliers Kräizbierg liefern Menschen mit einer Behinderung die Mittel dieses Ehrgeizes.