Neie Restaurant an Takeaway"Le Quai Steffen" op der Stater Gare

Nieft dem „La table de Frank“ deen Si zu Stengefort hunn, mécht de Groupe Steffen Ufank 2019 en zweete Restaurant op, dee „Le Quai Steffen“ heesche wäert. Den Numm ass e Wuertspill, well dat neit Lokal op der Stater Gare seng Dieren opmécht.

Hei kann een zum Beispill virum nächsten Zuch ee gudde Plat eran iesse goen, oder fir déi méi presséiert; einfach eppes à emporter bestellen. De „Le Quai Steffen“ ass nämlech net nëmmen ee Restaurant, wou ee vun traditionelle Platen iwwer avantgardistesche bis zu vegetaresche Platen alles zerwéiert kritt. Nee, si bidden och een „Espace Traiteur“ mat frësche Platen wéi Zaloten a Sandwichen to go.

An déi kënnt dir souguer scho vun nächstem Mount un an de „Le Quai Steffen“ op d‘Stater Gare schmaache goen.

03/10/2018 Business