Festival d'orgue de DudelangeEn Dënschdeg spillt déi spuenesch Solistin Loreto Aramendi

De Concert ass um 20.15 Auer an der Diddelenger Kierch.

En Dënschden, 9. Oktober féiert di jonk spuenesch Solistin Loreto Aramendi, Professesch am Conservatoire vu San Sebastián, e puer grouss Klassiker op (Jéhan Alain - Litanies, György Ligeti - Etude pour orgue) an natierlech spuenesch Wierker (vum Juan Cabanilles: Batalla Imperial, vum Jesus Guridi: Variacones sobre un tema vasco – Variatiounen iwwer e populär baskescht Lidd), an doriwwer eraus Transkriptioune vu Wierker vum Camille Saint -Saëns (Danse macabre), vum Franz Liszt (Funérailles) a vum Gabriel Fauré (Extraite vu Pelléas et Mélisande), Transkriptioune vum Louis Robilliard, ee vun de grousse modernen Meeschteren an der Transkriptioun fir Uergel.

D'Loreto Aramendo huet op der berühmter Cavaillé-Coll-Uergel vun Saint-Ouen zu Rouen dës Transkriptiounen (nieft anere vum Louis Robillard) op CD enregistréiert, déi international extrem favorabel kommentéiert ginn ass.

De Concert gëtt wéi ëmmer op groussem Ecran projezéiert. Nom Concert besteet fir di Interesséiert d'Méiglechkeet vun enger Renconter mat der Musikerin.

Virverkaf op Luxembourgticket an op info@orgue-dudelange.lu
Informatiounen op www.orgue-dudelange.lu

PDF: Extrait iwwer de Concert aus der Broschür "Tuyaux" 132.