Alkoholiséiert ënnerweeChauffer bal a Police gerannt a weidergefuer

Géint 1.40 Auer konnt eng Policepatrull engem Auto nach esou just auswäichen, deen am Schnéi un d'Rutsche gerode war. Schold war awer nach eppes anescht.

© RTL Archivbild

An enger laanggezunner Rietskéier koum de Beamten tëscht Aangelsbierg a Rolleng den Auto op hirer Säit entgéint. Eng Kollisioun konnte si wéi gesot verhënneren, ma de Chauffer ass ouni ëmzekucke weidergefuer.

Eng zweet Patrull konnt de Mann op der Héicht vum Akafszenter stoppen. Do gouf da festgestallt, datt net onbedéngt de Schnéi Schold war, dass de Chauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat, hien hat ze vill gedronk. Den Test war positiv, e provisorescht Fuerverbuet verhaangen an de Permis gouf agezunn. Am Policebulletin heescht et och, dass de Mann seng Schold net wollt agesinn.

Gedronk hat och de Chauffer, deen e Samschdeg géint 17.30 Auer en Accident um Fridhaff op der Héicht vum "Poteau de Doncols" provozéiert hat. Hie war an enger schaarfer Rietskéier op d'Géigespur geroden a krut do en aneren Auto säitlech ze paken. Et blouf beim Materialschued.

Zu Keel an der Rue de Tetange gouf um 21.20 Auer an Automobilist ugehal, deen am Zickzack ënnerwee war. Den Test war positiv an de Führerschäin fort.

Och zu Esch an der Lëtzebuerger Strooss war een alkoholiséierte Chauffer ënnerwee. Hie war géint 22.30 Auer esou hefteg an ee geparkten Auto gerannt, dass dëse widder d'Mauer vun engem Haus geschleidert gouf.

U béide Ween ass grousse Schued entstanen. De schëllegen Automobilist gouf net blesséiert, krut awer de Führerschäin ewechgeholl.

Zu Miersch ass enger Patrull  géint 3 Auer en Auto entgéint komm, deen trotz Schnéi nawell schëtzeg ënnerwee war. Donieft hätt de Chauffer och nach bal d'Kontroll iwwert säi Won verluer, nodeems hien ugefaangen hätt mat blénken. Op d'Géigespur wier hien dobäi och nach geroden.

D'Beamte sinn dem Mann nogefuer a konnten hien um Mierscherbierg stoppen. De Mann hat uerdentlech een iwwert den Duuscht gedronk a krut de Permis ofgeholl.