Patinoire KockelscheierVill Technik, fir d'Schlittschongfueren z'erméiglechen

D'Kollege vum Magazin kruten op der Kockelscheier e seelenen Abléck a Beräicher, déi een als normale Visiteur net ze gesi kritt.

Vill Technik, fir d'Schlittschongfueren z'erméiglechen (17.12.2018)
D'Kollege vum Magazin kruten op der Kockelscheier e seelenen Abléck a Beräicher, déi een als normale Visiteur net ze gesi kritt.

Soubal et méi kal gëtt, fänkt se un: D’Héichsaison vun den Äishalen op der Kockelscheier. Egal ob Schoulklassen, Familljen oder Sportler, a Spëtzenzäite kommen 1.500 bis 1.800 Leit den Dag hei Schlittschong fueren.

Op zwou grousse Pisten an enger Curlingspist gëllen et insgesamt 4.000m2 Äis an der Rei ze halen. A 40 Kilometer Réier suergen dofir, dass sech d’Keelt ënnert dem Äis verdeelt.

Dee vun der Surfaceuse ofgeschleefte Schnéi, gëtt vum Waasser vun de Weieren direkt nieft den Hale geschmolt an nees an dës zeréckgespullt.

Et si genee déi Weieren, op deenen d’Leit scho virum Bau vun der Schlittschongpist, Ufanks der 70er Joren, Schlittschong gefuer sinn. Mat den Äishalen ass dat mëttlerweil de ganze Wanter méiglech - a meeschtens och méi sécher.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.