CGDIS1 Blesséierte bei Accident tëscht zwee Autoen

En Dënschdeg de Moie kuerz no 8 Auer waren zu Beetebuerg an der Lëtzebuerger Strooss zwee Autoen net laanschtenee komm.

© Police

Beim Accident zu Beetebuerg tëscht 2 Autoe gouf eng Persoun blesséiert.

Dräi Blesséierter gouf et e Méindeg den Owend géint 19 Auer an engem Accident zu Ettelbréck an der Avenue des Alliés. Zwee Autoen hate sech ze pake krut.

Kuerz no 18 Auer war zu Grass an der Rue Charles Kieffer e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn a gouf dobäi verwonnt.