CGDIS3 liicht Blesséierter gouf et um Dënschdegowend op eise Stroossen

Bei Accidenter tëscht Ëlwen a Banzelt, tëscht Steebrécken a Féiz an zu Diddeleng gouf all Kéiers eng Persoun verwonnt.

Géint 18.45 Auer war tëscht Ëlwen a Banzelt een Auto verongléckt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz viru 19 Auer hate sech op der A4 tëscht Steebrécken a Féiz zwee Ween ze pake krut, och hei gouf et ee Blesséierten an zu Diddeleng an der Lëtzebuerger Strooss ware géint 20 Auer och zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.