SchëfflengHausbewunner vun 3 Abriecher iwwerwältegt a beklaut

En Dënschdeg den Owend géint 17.45 Auer koum et zu Schëffleng an der Näerzenger Strooss zu engem Iwwerfall an engem Eefamilljenhaus.

© Olidom Multimedia

Dräi onbekannte Männer haten d'viischt Dier opgebrach an hunn am Haus déi 2 Bewunner iwwerrascht. D'Affer goufe festgehal. No der Dot hu sech d'Täter mat enger Rëtsch Bijouen an onbekannten Direktioun ewech gemaach.

Eng Persoun koum nom Abroch fir eng Kontroll an d'Spidol. Eng Sichaktioun vun der Police war ouni Succès an d'Spuresécherung gouf op d'Plaz geruff.


Täterbeschreiwung:
Déi männlech Täter waren allen 3 schwaarz ugedoen, hate Kagullen op an hu franséisch geschwat.
Ee vun de Brigangen hat eng Jackette mat enger opfälleger wäisser Markéierung un, een aneren hat rout Händschen un.

Zwee Täter waren tëscht 1,80 an 1,85 Meter grouss. Een Drëtten tëscht 1,60 an 1,65 Meter a war méi korpulent.

Leit, deenen eventuell am Laf vum Dag eppes Ongewéinleches an der Näerzenger Strooss zu Schëffleng opgefall ass, wéi verdächteg Persounen oder Gefierer, déi soss ni do stinn, si gebiede sech bei der Escher Police um 4997-5500 oder um 113 ze mellen.