CGDIS7 Blesséierter bei 6 Accidenter um Mëttwoch den Owend

Net manner wéi 7 Persoune goufen e Mëttwoch den Owend op eise Stroosse verwonnt. Et blouf awer allkéiers bei de liichte Blessuren.

Géint 19.40 Auer war op der A4 tëscht Féiz a Steebrécken en Auto a Brand geroden, eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 18.30 Auer waren och op der Escher Autobunn, tëscht Steebrécken a Féiz, déi Kéier Direktioun Esch, zwee Autoen anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun liicht blesséiert.

Kuerz no 18 Auer hate sech zu Elleng an der Munnerefer Strooss zwee Ween ze pake krut. Zwou Persoune goufe liicht blesséiert.

Zu Dippech an der Dräikantonsstrooss ware géint 18.10 Auer zwee Ween net laanschtenee komm, eng Persoun gouf liicht verwonnt, géint 17.30 Auer war zu Léiweng an der Rue de Turi een Auto verongléckt, et gouf ee Blesséierten a géint 17.10 Auer war zu Nidderkuer an der rue Pierre Gansen ee Passant vun engem Auto ugestouss ginn a gouf liicht blesséiert.