CGDISAccident mat 2 Autoen an 2 Blesséierten um Rouscht

E Freideg de Moien hat et um 8.15 Auer op der N7 geknuppt. Wéinst de Rettungsaarbechte war et zu Verkéiersbehënnerunge komm.

© Klautjen

Op der Platz waren den CIS Biissen, d'Ambulanz vun Ettelbréck, d'Ambulanz Fiels an d'Police.

© Klautjen


E Freideg de Moie gouf kuerz no 8 Auer an der Escher Strooss zu Beetebuerg e Foussgänger ugestouss. De Chauffeur krut de Foussgänger op engem Zebrasträif ze paken, dee gouf dobäi schwéier blesséiert a koum an d'Klinik.

Um Donneschdeg den Owend kuerz no 22 Auer ass zu Reisduerf an der Sauerstrooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn.

Dem 112 no, goufen dobäi zwou Persoune blesséiert. Den Ettelbrécker Samu an d’CGDIS-Corpse vu Reisduerf an Dikrech waren am Asaz.

Géint 18.20 Auer sinn zu Ettelbréck an der rue Grande-Duchesse Josephine-Charlotte 2 Autoen net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf blesséiert.

Géint 17.40 Auer sinn tëscht Rippweiler an Useldeng 2 Autoen anenee gerannt. Heibäi goufen 2 Persoune blesséiert.

Kuerz viru 17 Auer gouf et dann en Accident tëscht Gonnereng a Jonglënster. 1 Persoun gouf verwonnt.