Foulschter Theaterkäpp„Otello gesicht- Lend me a Tenor“ vum Ken Ludwig

Ganzer 3 Virstellunge si vum 1. bis den 3. Februar geplangt.

Foultschter Theaterkäpp invitéieren op hir Theaterowenter an de Kulturzenter op Foulscht. Gespillt gëtt déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg dat lëschtegt Stéck „Otello gesicht- Lend me a Tenor“ vum Ken Ludwig, op Lëtzebuergesch iwwersat vum Marc Herman.

Ënnert der Regie vum Paul Gansen spille mat: Andrea Hamen, Max Rasqué, Christine Lallemand, Sven Brimmeyer, Jessica Antony, Marc Wagner, Yolande Unsen a Steve Goerend.

Virstellunge si Freides, den 1. a Samschdes, den 2. Februar ëm 20.15 Auer.
Sonndes, den 3. Februar geet de Rido ëm 18 Auer, op.

Reservatioun GSM : 621 292 681 (Armand Klein) oder um 621 290 838 (Jeanne Welter- Reiser) oder jereiser@pt.lu .

Den Entrée kascht 10 Euro an d’Kanner ënner 12 Joer bezuelen 5 Euro. (CR)