Police2 Abriecher no Abroch zu Garnech fortgelaf

Um Freideg den Owend huet d'Police matgedeelt, datt 2 Brigange bei engem Abroch zu Garnech an der Rue de l'école erwëscht goufen.

Si waren a Richtung Rue de l'Eglise geflücht. Déi 2 Abriecher ware schwaarz ugedoen an hu franséisch geschwat. Si waren ze Fouss ënnerwee.

Um 20.24 hat d'Police matgedeelt, dass een aktiv no den Abriecher géing sichen, ma nach hätt ee se net fonnt.