Eskapade vun engem ChaufferZu Péiteng hat d'Police et mat engem ganz ondugenen Automobilist ze dinn

An der Nuecht op e Sonndeg hat sech ee Chauffer, dee gedronk hat, duerch d'Bascht gemaach an en Accident provozéiert. Endstatioun: Ausniichterungszell.

Géint Hallefnuecht war zu Péiteng eng Policepatrull op e Chauffer opmierksam ginn, dee mat héijer Vitess an der Rue Robert Krieps ënnerwee war. D'Beamte sinn him nogefuer, hunn d'blo Luuchten ugemaach, fir den Auto ze stoppen, doropshin ass de Chauffer de falsche Wee an d'Rue Mathias Adam agebéit an huet staark op de Gas gedréckt.

An der nächster Strooss krut de Chauffer eng Insel ze paken. Säin Won gouf dobäi staark beschiedegt, esou d'Police.

Den Alkoholtest war däitlech positiv. De Mann huet awer weider Mesurë refuséiert, hie krut deemno säi Permis ofgeholl.

Wéi d'Police schreift, hätt den alkoholiséierte Chauffer d'Beamten ëmmer nees provozéiert. Déi hunn den Zoustand vun der Persoun als Gefor fir Drëtter interpretéiert an hunn de Mann an eng Zell bruecht, datt een nees konnt aniichter ginn.

Säin Auto hat iwwregens kee gültege Contrôle technique.