CGDIS3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Méindeg de Moien

All Kéiers gouf 1 Persoun blesséiert, wéi um Méindeg de Moien 3 Accidenter uechter d'Land geschitt sinn.

Zu Stengefort an der rue de Luxembourg hat et géint 6.20 Auer gerabbelt, wéi 2 Autoen net laanschtenee komm sinn. 1 Persoun gouf verwonnt. D'Ambulanz an den Asazzenter vu Stengefort waren op der Plaz.

Géint 7.40 Auer gouf et en Accident op der Streck Bruechtebaach Ierpeldeng. Hei war just 1 Auto am Coup, 1 Persoun gouf blesséiert. Den Asazzenter vu Wëntger an d'Ambulanz vu Wolz waren op der Plaz.

Um 10 Auer sinn 2 Autoen um Belair an der Avenue Gaston Diederich 2 Autoen aneneegerannt. 1 Persoun gouf heibäi blesséiert. Den Asazzenter an d'Ambulanz aus der Stad ware geruff ginn.