Police-AsätzDrogen-Dealer, Abriecher, Ugräifer, Bensinnsklauerten ...

Zu Bierchem op der Gare goufen de leschten Donneschdeg Persoune beim Dealen observéiert.

© Police
Op alle Fall krut d'Police vu Réiser gemellt, datt sech do presuméiert Dealere géifen ophalen.

Well deen Ament e puer Patrullen ënnerwee waren, konnten zu Béiweng zwou Persoune fonnt ginn, op déi d'Beschreiwung vun den Zeie gepasst huet. Déi zwou goufe kontrolléiert, dobäi goufe 34,9 Gramm Heroin a 6,1 Gramm Kokain fonnt. Ausserdeem eng gréisser Geldzomm a Saachen, déi wuel anzwousch geklaut gi waren. De Parquet huet déi presuméiert Dealere festhuele gelooss.

Ganz Serie vun Abréch
Och de leschten Donneschdeg konnt d'Police 3 Abriecher festhuelen. Déi waren zu Uewersiren gepëtzt ginn, wéi se probéiert haten, an en Eefamilljenhaus anzebriechen. D'Männer waren der Police och scho virdrun opgefall, wéi se mat hirem Auto duerch verschidde Citéen an der Regioun gefuer waren. D'Police schwätzt an deem Kontext vun enger ganzer Rëtsch vun Abréch am Raum Sennengerbierg, Nidderaanwen a Sandweiler. Déi 3 presuméiert Täter koume virun den Untersuchungsriichter.

Zu Esch ass leschten Donneschdeg géint 7 Auer owes och eng Fra an der Rue Jos Kieffer, op der Héicht vun enger Autosgarage, vun zwee Männer iwwerfall ginn. Déi hunn d'Affer mam Messer menacéiert an hir d'Posch, den Handy a Bijoue geklaut. D'Police beschreift déi zwee Kärelen esou:

- Mann, von normaler Körperstatur circa 1m70 groß, Bartträger, zirka 30 Jahre alt von gemischter Hautfarbe.
- Mann, von normaler Körperstatur circa 1m70 groß, zirka 20 Jahre alt ebenfalls von gemischter Hautfarbe.

Si waren allebéid däischter ugedoen an hu franséisch geschwat. All Info ass fir d'Police vun Esch um Tel. 4997-5500.

Domm gaang: Affer war Marathonleefer
E Sonndeg den Owend ass zu Beetebuerg an der Sportshal probéiert ginn, de Portier ze beklauen. E jonke Mann wollt de Rucksak vum Portier an deem senge Büro mathuelen. En huet sech ze Fouss Direktioun Gare dervu gemaach. En hat awer wéineg Chance, wéi d'Police schreift, well de Portier ass e gutt trainéierte Marathonleefer. De presuméierten Déif ass komplett um Enn an der Géigend vun der Gare zesummegeklappt an déi zwee hunn zesummen op d'Police gewaart. De Parquet gouf informéiert an den Täter protokolléiert.

An an der Nuecht op en Méindeg, kuerz no Hallefnuecht, gouf an der Stad op der Gare eng Persoun gepëtzt, déi mat engem internationalen Haftbefeel aus Däitschland gesicht gouf. De Parquet huet de Mann festhuele gelooss.

Gefuer trotz Fuerverbuet bis 2030
Zu Rodange op enger Besinnsstatioun wollt e Sonndeg de Mëtteg een Automobilist net bezuelen - nodeems en awer scho getankt hat. De Mann vun der Pompel konnt de Chauffer vum Won mat franséische Placken nach mat an d'Tankstell huelen, do huet dëse sech dunn awer lassgerappt kritt an ass entwutscht. Am Auto waren alles an allem 3 Männer, déi sech dunn ze Fouss a Richtung Frankräich duerch d'Bascht gemaach hunn. D'Enquête huet erginn, datt de Mann den Autoritéite bekannt war, am Kontext vun enger Prisongsstrof, an datt e Fuerverbuet bis 2030 géint hie virlouch. De Parquet huet den Auto saiséiere gelooss.

Ze déif an d'Glas gekuckt
Zu Esch war e Sonndeg géint 18 Auer e Chauffer an en Accident op der Kräizung Boulevard Charles de Gaulle - Rue de Belvaux bedeelegt. En huet sech awer net ëm de Schued gekëmmert, ma ass einfach ugedréckt. D'Police ass dem Mann awer op d'Spur komm a konnt e kuerz drop doheem fannen. Den Alkoholtest war positiv, de Permis ass de Mann elo lass.

Datselwecht ass enger Fra an der Nuecht op e Méindeg géint 2 Auer zu Bieles geschitt. Beim Manövréieren ass si direkt e puer Mol an eng Mauer geknuppt. Eng Policepatrull hat dat matkritt a séier gemierkt, datt déi zwou Fraen am Auto allebéid genuch intus hätten. D'Fra hannerem Steier huet den Alkoholtest refuséiert, also goung et op de Policebüro. Do wier d'Stëmmung dunn awer gekippt, esou d'Police, well d'Dammen ugefaangen hätten ze randaléieren. Ënner anerem hätte si mat Still ëm sech gehäit. Si koumen an Arrest an d'Fra, déi gefuer ass, huet mussen hire Permis ofginn.