"Et gouf een Tabu gebrach"Geschäft mécht seng Dieren Chrëschtdag op, OGBL protestéiert

Zu Esch huet e Geschäft op Chrëschtdag seng Diere bis 1 Auer Mëttes opgemaach, fir den OGBL ass d'Gesetz iwwert d'Ouvertureszäiten dodru Schold.

© OGBL

"Et gouf een Tabu gebrach". Mat dëse Wieder ass en Dënschdeg de Mëtteg ee Communiqué vum OGBL iwwerschriwwen. D'Gewerkschaft hat en Dënschdeg de Moien virun engem Supermarché am Zentrum vun Esch ee Solidaritéitspiquet organiséiert.

© OGBL

Wéi et heescht, hat dëst Geschäft decidéiert, op Chrëschtdag, seng Diere bis Mëttes eng Auer opzemaachen. Et wier dëst eng Première hei am Land, sou den OGBL a sengem Schreiwes. Bis ewell hätt nach ni ee Geschäft op engem 25. Dezember opgemaach. Een Tabu wier domat gebrach ginn an den OGBL géif dat net acceptéieren.

An dem Kontext géif ee seng Kritik géintiwwer dem schlechte Gesetz, dat d'Ouvertureszäite reegelt, nach eemol widderhuelen, heescht et vum Syndikat. Dëst Gesetz géif sou eng Ouverture net formell verbidden, mä erlaabt de Geschäfter hir Dieren all Feierdeeg a Sonndes bis Mëttes eng Auer opzemaachen, ouni mussen eng Derogatioun unzefroen.

© OGBL

Sou kéint et net weider goen, betount den OGBL a fuerdert ee Gesetz, dat et erlaabt an engem legale Kader d'Ouvertureszäiten ze negociéieren. Gefuerdert gëtt ee Gesetz, dat d'Salariéen aus dem betraffene Secteur an hiert Privatliewe besser protegéiert.

De Pressecommuniqué vum OGBL

Ouverture le 25 décembre: un tabou a été brisé !

En ce 25 décembre 2018, jour de Noël, le syndicat Commerce de l’OGBL a organisé un piquet de solidarité devant un supermarché situé au centre-ville d’Esch-sur-Alzette.

Cet établissement a décidé d’ouvrir ses portes jusqu’à 13h. Ceci constitue une première au Luxembourg. En effet, jusqu’à présent jamais un magasin n’avait osé ouvrir ces portes un 25 décembre au Luxembourg. Un tabou a été brisé ! L'OGBL n'acceptera pas cela!

Dans ce contexte, le syndicat Commerce de l’OGBL réitère sa critique envers la mauvaise loi qui règle les heures d’ouverture au Luxembourg. Cette loi n’interdit pas formellement une telle ouverture, au contraire, elle autorise les magasins à ouvrir TOUS les jours fériés et dimanches jusqu’à 13h, sans même demander une dérogation.

Cette situation ne peut pas persister. L'OGBL revendique une loi qui permettra de négocier, dans un cadre légal, les heures d'ouverture des différentes branches dans le commerce, afin de disposer d’une loi qui protège mieux les salariés et leurs vies privés.

Communiqué par le syndicat Commerce de l’OGBL

le 25 décembre 2018

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.