CGDISZu Hesper sinn zwee Autoe verbrannt

An der Izeger Strooss haten um 3 Auer an der Nuecht op e Sonndeg déi zwee Autoen aus bis elo ongekläerte Grënn Feier gefaangen.

© CGDIS
Kuerz no 20 Auer gouf et e Samschdeg den Owend um Site vun enger Entreprise zu Beetebuerg an der Industriezon Wolser e Feier, d'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng waren op der Plaz. Dem 112 no war och eng Ambulanz vu Beetebuerg am Asaz. Blesséierter gouf et awer net.

An der Nuecht op e Sonndeg hat et géint 3 Auer och zu Hesper gebrannt. An der Rue d'Itzig haten zwee Auto Feier gefaangen. Hei war de Centre d'incendie et de secours vun Hesper am Asaz an och d'Police war op der Plaz. Duerch den Asaz vun engem Feierläscher hat d'Police een Iwwergräife vun de Flamen op eng Camionnette nach verhënnert kritt.