VIDEO: ASBL "Train 1900"Fir d'Saison 2019 stinn zwou nei Dampmaschinne prett

Nieft enger Lokomotiv aus dem Joer 1912, wäert och eng aus dem Joer 1891 d’nächst Joer tëscht Péiteng an dem Fond-de-Gras hin an hier fueren.

© Christophe Hochard (RTL)

Zanter 1973 gëtt et d’ASBL "Train 1900" am Fond-de-Gras. Eng ronn 60 Benevoller zielt d‘Associatioun. Nieft der Minièresbunn feiert si d’Saison iwwer d’Visiteuren duerch d’Lëtzebuerger Industriegeschicht.

Den Ament ass et ganz roueg um Site. Allerdéngs lafen d’Virbereedungsaarbechten op déi nei Saison hannert de Kulissen. Sou stinn zwou nei Dampmaschinne prett fir d’Saison 2019.

Nieft enger Lokomotiv aus dem Joer 1912 wäert och eng aus dem Joer 1891 d’nächst Joer tëscht Péiteng an dem Fond-de-Gras hin an hier fueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.