Op eise Stroossen4 Accidenter mat 5 Blesséierten

Zu Péiteng, zu Hiefenech an zu Miersch hat et an der Silvesternuecht gerabbelt an an der Stad goufen zwou Persounen ugestouss, hei war och de Samu am Asaz.

E Méindeg den Owend géint 21.40 Auer ass zu Péiteng en Auto an en aneren Auto, dee geparkt war, ageknuppt. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert, d'Ambulanz vun Déifferdeng an den Zenter vu Péiteng waren op der Plaz.

Zu Hiefenech ass an der Nuecht op en Dënschdeg géint 0.50 Auer e Won an e Potto gerannt, dobäi gouf och eng Persoun blesséiert. Am Asaz hei: d'Ambulanz aus der Fiels an d'Pompjeeë vun Hiefenech.

An der Stad goufe géint 1 Auer zwou Persounen ugestouss a blesséiert, eng dovu liewensgeféierlech, esou d'Police. D'Ambulanze vu Mamer an aus der Stad waren op der Plaz an och de Stater Samu an d'Beruffspompjeeën.

Weider Detailer iwwer dëse Virfall hei.

An zu Miersch ass géint 3.45 Auer en Auto op d'Kopp gaangen. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert, no hir huet d'Ambulanz aus der Fiels gekuckt. Déi Mierscher Pompjeeë waren och op der Plaz vum Accident.

Um Dënschdeg de Moie koum dunn nach een Accident derbäi: Um CR181 Stroossen-Briddel war géint 11 Auer en Auto bäigaangen, dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz eng Ambulanz aus der Stad an d'Pompjeeë vu Bartreng an aus der Stad.