StroossenChauffeur alkoholiséiert, Fra fält aus Auto

Wéi d'Bäifuererin matkrut, datt de Chauffeur ze vill gedronk hat, huet si probéiert, fir aus dem Auto, dee Gefuer ass, erauszeklammen.

En Zeien hat d'Police alarméiert, wéi hie gesinn hat, datt an der Rue du Kiem zu Stroossen eng Fra aus engem Auto, dee gefuer ass, gefall ass. Hie war am Auto hannendrun a konnt gesinn, wéi als éischt d'Bäifuererdier opgaangen ass a kuerz drop d'Fra erausgefall ass.

Op der Plaz gouf déi blesséiert Fra du vun de Rettungsdéngschter behandelt, si wollt awer net an d'Spidol gefouert ginn. Si huet uginn, datt si aus dem Auto wollt klammen, well de Chauffeur ze vill gedronk hat. Si hat gewaart, bis hie just nach lues ënnerwee war, fir dunn erauszeklammen.

De Chauffeur gouf doropshi kontrolléiert an et koum eraus, datt hien däitlech ze vill gedronk hat. En zweeten Test, deen de Mann um Büro sollt maachen, huet bei fënnef Versich awer net geklappt, esou datt eng Bluttprouf huet misse geholl ginn. De Permis vum Mann gouf agezunn.

Géint 1.15 Auer an der Nuecht huet dann e weidere Chauffeur missen de Permis ofginn. An der Route de Luxembourg zu Stengefort huet hien d'Police iwwerholl an huet dunn op d'Géigebunn gelenkt. D'Police huet de Mann kuerz poursuivéiert, konnt hien awer unhalen a kontrolléieren. Och hien hat ze vill gedronk an de Permis gouf agezunn.