Zeienopruff no Sträit mat KierperverletzungenWie kennt dës Persoun?

Den 3. Juni koum et am Parkaus vun de Rives de Clausen an der Stad zu enger verbaler Ausernanersetzung tëscht dräi Persounen.

© Police
Nom Sträitgespréich beim Parkautomat koum et am Souterrain zu enger handgräiflecher Ausernanersetzung. Eent vun de Affer huet duerno missen an d'Klinik bruecht ginn.

Wien Informatiounen iwwert d'Persoun op der Foto huet, soll sech bei der Police ënnert der Nummer 4997-4500 mellen.