Miersch - Colmer-BiergEen Auto am Gruef, eng Persoun blesséiert

Um Freideg den Owend géint 20.30 Auer ass op der A7 tëscht Miersch a Colmer-Bierg een Auto vun der Strooss ofkomm.

Den Won ass an de Gruef gefuer, dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

D'Ambulanz vu Lëntgen an d'Secouriste vu Lëntgen a Miersch waren op der Plaz.

Fir de Samschdeg mellt den 112 just 2 Tëschefäll.

Zu Bäreldeng an der Briddeler Strooss gouf et géint 11 Auer en Accident mat engem Blesséierten a géint 16.30 Auer huet zu Féiz en Auto gebrannt. Do blouf et beim Materialschued.