Accident mat dramatesche SuittenJong vun 13 Joer um Houwald ugestouss, Police lancéiert Zeienopruff

An der Rue de Gasperich vum Houwald op Hesper ass et ee Samschdeg de Mëtteg géint 16.25 Auer zu engem trageschen Accident komm.

En 13 Joer ale Jong wollt mat sengem Vëlo iwwert d'Strooss fueren, wéi eng Automobilistin hie mat hirem Won ze pake krut.

De Jong um Vëlo hat en Helm un, trotzdeem gouf e bei der Kollisioun esou uerg blesséiert, datt e méi spéit am Spidol fir gehir-dout erkläert gouf. Dat deelt d'Police um spéide Sonndeg de Moie mat. Et konnt also keng Aktivitéit méi am Gehir festgestallt ginn.

D'Police lancéiert och en Zeienopruff: Wien Informatiounen doriwwer huet, wéi et zu dësem trageschen Accident komm ass, dee soll sech um 113 mellen.

D'Streck vum Houwald op Hesper hat mussen a béid Richtunge gespaart ginn.

Op der Plaz waren eng Ambulanz an de Samu aus der Stad, de Groupe de support psychologique vun der Protex, d'Interventiounszenteren aus der Stad a vun Hesper an d'Police.