1126 Blesséierter bei 4 Accidenter vun e Sonndeg op e Méindeg

Wéi den 112 mellt, koum et e Sonndeg den Owend, an der Nuecht an e Méindeg de Moien zu e puer Accidenter op eise Stroossen.

Géint 21.15 Auer e Sonndeg den Owend krute sech zu Märel, op der Kräizung vun der Rue Louis XIV an der Rue Machault zwee Autoen ze paken. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Zwee Blesséierter gouf et an engem Accident méi spéit um 2.40 Auer zu Jonglënster an der Rue Victor Ferrant am Rondpoint. Ee Chauffeur war hei mat sengem Gefier an e Luuchtepotto gerannt.

Um Méindeg de Moien kuerz virun 7.30 Auer ass e Chauffer mat sengem Gefier zu Houschent op der RN07 am Gruef gelant. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Um 8.20 Auer hu sech zu Keel an der Näerzenger Strooss 2 Autoen ze pake kritt. Beim Accident goufen 2 Leit blesséiert.