Um MéindegowendAllkéiers ee Blesséierte gouf et an 2 Accidenter

Op der A7 an op der A1 goufen et um Méindeg den Owend Accidenter, bei deenen allkéiers eng Persoun blesséiert gouf.

© CIS Luerenzweiler
Op der Tréierer Autobunn tëscht dem Irgäertchen an dem Gaasperecher Kräiz war géint 20.45 Auer e Chauffeur mat sengem Gefier an d'Leitplank gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz dono war op der A7 am Ausgang vum Tunnel Grouft a Richtung Stad en Auto accidentéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten. op der Plaz war den CIS Luerenzweiler an den CIS Lëntgen.