"Fënsterdall"Zeenesch Liesung als Hommage un den Thierry van Werveke am TNL

D'Stéck, an deem de Lëtzebuerger Acteur seng lescht Roll hat, gëtt fir säin 10. Doudesdag nach eemol opgefouert.

TNL Fënsterdall - Interview Frank Hoffmann



Dësen Owend ass en Hommage un e grousse Lëtzebuerger, deen eis viru knapp 10 Joer verlooss huet: den Thierry van Werveke", heescht et am Pressetext. Seng lescht Roll wier de Jean am "Fënsterdall" vum Pol Greisch gewiescht: "De 14. November 2008 huet hien nach d'Première am TNL gespillt, huet awer zwee Deeg dono an d'Klinik musse goen an ass e puer Wochen drop gestuerwen."

Am Kader vun der Retrospektiv-Ausstellung am CNA zu Diddeleng iwwert den Thierry van Werveke hëlt den TNL dëst Stéck elo nach eng Kéier op, "ganz bescheiden", wéi et heescht, als gespillte Liesung, als "Mise en espace". Dat ass ee ganz bewosst Choix, well am Communiqué heescht et: "A wann e Regisseur dem Thierry seng Roll liest, weess een, dass den Thierry net wierklech ze ersetzen ass."

Iwwer den Inhalt vum Stéck:

Et fält wéi mat Eemeren. D'Janine an de Jean, allebéid op Mountain-Biken, musse sech matzen am Bësch ënnerdaach stellen, soss versuppe s'am Bulli. Gott sei dank gerode se bei eng Häip: 't ass net gespaart, si ginn eran ... Eng feierlech Musek kléngt hinnen entgéint ... Drënner eng rau Stëmm: Wou waars de sou laang? 't kënnt hinnen onheemlech vir: Eng schlampeg Fra tierkelt hinnen entgéint, klaakt d'Dier zou, zitt de Schlëssel erof a fänkt eng schappeg Luucht un: Mir entdecken dee rengsten Taudis; iwwerall Këschte voll eidel Béierfläschen... D'Fra (Jeanne) schwätzt eppes zesummen, wou de Jean an d'Janine net gescheit ginn derhannert. Si mengen, 't wier en Iertum, d'Fra géif si verwiesselen ... An iwwerhaapt: Si huet eng faméis hänken ... Am léifste wieren s'erëm eraus, mä 't ass gespaart ... A souwisou: Dobausse schëtt et ëmmer méi ...

Mir sinn am Fënsterdall, kéinten awer grad esou gutt am Direndall sinn ... oder soss éirewou op der Welt ënner Mënschen, déi no Léift verlaangeren, no Versteesdemech ... wat dacks schwéier z'erreechen ass, well mer ze rabiat sinn, ze feig, ze egoistesch ...

D'Première ass de 25. Oktober ëm 20 Auer am Théâtre National du Luxembourg. Weider Opféierungen de 26. Oktober ëm 20 Auer an den 28. Oktober ëm 17 Auer.

Mise en espace: Andreas Wagner, Frank Hoffmann
Bühn a Kostümer: Dagmar Weitze
Musek: Cary Greisch

Mat: Frank Hoffmann, Christiane Rausch, Nicole Max, Serge Tonon

Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.