F91 Diddeleng - Olympiakos PiräusEng sëlleche Stroosse gi wéinst dem Match gespaart

En Donneschdeg den Owend um 18.55 Auer spillt den F91 Diddeleng hiren 3. Match an der Gruppephas vun der Europa League.

© pressphoto Archiv
De Géigner heescht déi Kéier Olympiakos Piräus. Nodeems vill Leit sech fir den 1. Match a Richtung Stade Josy Barthel gemaach haten, gëtt och en Donneschdeg mat ville Leit gerechent an deemno sinn och eng Partie Stroosse fir de Verkéier gespaart.

D'Ville de Luxembourg wëll de Public informéieren, dass d'Rue des Foyers, de Boulevard Napoleon 1, d'Rue Nicolas Petit an d'Rue du Stade tëscht 14 a 24 Auer gespaart sinn. D'Areler Strooss (N6), tëscht dem Square New York an der Rue des Aubépines, d'Rue des Arquebusiers, d'Rue Aloyse Kayser, d'Rue Ostende an d'Rue Nicolas Simmer sinn deelweis gespaart, dat och tëscht 14 a 24 Auer.

De Recyclingzenter mécht donneschdes dann och exzeptionell um 17.30 Auer zou.

Offiziellt Schreiwes
INFORMATION

Ligue Europa

F91 Dudelange – Olympiakos

le jeudi 25 octobre 2018 au stade Josy Barthel

Dans le cadre du match opposant le F91 Dudelange à Olympiakos, le jeudi 25 octobre 2018 au stade Josy Barthel, la Ville de Luxembourg tient à informer le public que la rue des Foyers, le boulevard Napoléon 1er, la rue Nicolas Petit et la rue du Stade seront interdits à la circulation de 14h00 à 24h00. La route d'Arlon (N6), entre le square de New York et la rue des Aubépines, la rue des Arquebusiers, la rue Aloyse Kayser, la rue d’Ostende et la rue Nicolas Simmer seront fermées selon les besoins entre 14h00 et 24h00.

Par ailleurs, la Ville tient à informer le public que le jeudi 25 octobre 2018, le centre de recyclage situé route d’Arlon sera exceptionnellement fermé à partir de 17h30 (dernière entrée à 17h20).

Information communiquée par l’Administration communale

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.