CabaretD'Sténkdéier mécht "Tabula Rasa"

Den éischten Optrëtt ass den 8. November um 20 Auer zu Maarnech am Cube 521.

Et gëtt esou Momenter am Liewen: entweder ganz ophalen oder alles zréck op Start an nei ufänken: Tabula Rasa!

An der Politik ass et kloer, all fënnef Joer fänkt alles vu vir un, a fir dat, wat war, wëllt kee méi d'Verantwortung iwwerhuelen. De Wieler mëscht d'Kaarten nei an d'Parteie schoustere sech géigesäiteg de schwaarze Péiter zou oder verdeelen d'Kinneken, d'Essen an d'Dammen, esou wéi et hinne grad am beschte passt an nennen dat dann "de Wielerwëllen". Bléist de "Wind of change" oder bleift alles beim Alen? Ëmmer méi Leit ass dat komplett egal a se ginn e wäissen Ziedel of.

Een neit Kapitel gëtt iewer och am Privaten ëmmer méi dacks opgeschloen, wien huet dann nach Loscht, haut, wou mir alles wëllen, villes hunn, iewer näischt däerfen, ee ganzt Liewe mat engem eenzege Partner ze verbréngen? Dat ass langweileg a weder spannend nach ofwiesslungsräich. Hu mir eist Liewen emol zerguttst an de Sand gesat, drécke mir op de "Reset-Knäppchen" a kafen eis een neit. Schliisslech hu mir et jo – nach ëmmer!



"Tabula Rasa" heescht de Sténkdéier-Programm 2018.

Cube 521 zu Maarnech:
8., 9., 10.11. ëmmer um 20.00 Auer; 11.11. um 18.00 Auer

Kulturhaus zu Miersch:
14., 15., 16., 17., 18., 20., 21., 22., 23., 24.11. ëmmer um 20.00 Auer just den 18.11. um 17.00 Auer

Kulturzenter beim Nëssert zu Biergem:
29. an den 30.11., an den 1.12. ëmmer um 20.00 Auer

Texter: Alain Adams, Patrick Kayser a Roland Meyer
Et spillen: Conny Braquet, Irène Zeimes, Patrick Kayser, Luc Schumacher a Mich Wagener
Regie a Musek: Roland Meyer

Ticketen: 47 08 95 - 1 oder www.luxembourgticket.lu
Informatiounen: www.stenkdeier.lu